Un d'Adress vun de lëtzebuerger Ziichter
Un d'Adress vun de lëtzebuerger Ziichter an der
U.S.A.L.. (an die luxemburger Züchter der U.S.A.L., deshalb in
Luxemburgisch geschrieben; aux éleveurs luxembourgeois de l'U.S.A.L.,
donc écrit en luxembourgeois)
Ziel vum U.S.A.L.-Site, d'U.S.A.L. an der Zukunft
Mir verweisen emol op eisen Artikel zum Internet an eiser Zeitung LKZ
No 6/2002 vum Oktober/November:
"... Eisen Site soll eng Gemeinschaftsaarbecht vun der U.S.A.L. ginn.
Hei kënne mer zesumme schaffen. ...
Zum Inhalt ka jiddereen, dien mengt, en hätt Iddien, Texter, Biller,
asw. derzou bäi ze droen, sech mellen. ...."
Huet villäicht een vun eisen Memberen Texter zu dësen Themen?
(d'Sprooch ass egal, och kënnen se sech op d'Vergaangenheet, d'Géigenwart,
d'Zukunft bezéien)
- - Virstellung vun der U.S.A.L.
- - Virstellung vun der Kléngdéierenzuucht
- - Virstellung vun der Kléngdéierenzuucht zu Lëtzebuerg
- - Virstellung vum Hobby Kléngdéierenzuucht
- - Sënn vum Hobby Kléngdéierenzuucht
- - Firwat Kléngdéierenzuuchtveräiner
- - Vir- an Nodeeler vun der Kléngdéierenzuucht
- - "Stëmm vun de Memberen", der Basis (Forum), déi jo de Verband
ausmécht respektiv fir déi de Verband schafft.
- - Firwat Tätowéirung an Herdbuch bei de Kanengercher
- - Firwat Ausstellungen
- - Firwat Rassenzuucht
- - Firwat ee Rassestandard
- - An esou weider
Dësen Text weisst Iddien, déi mir elo agefall sinn. Am Sënn vun der
Zesummenaarbecht därf, jo soll, jiddereen eis seng Iddien zoukomme
loossen . Da kann de Site ergänzt, ëmgeännert, verbessert, ....
ginn, fir dass en dat richtegt Bild vun eisem Hobby, esou wéi mir et
gesinn, erëmgëtt. Well et gëtt kéipweiss Säiten, déi ee Bild vun der
Déierenzuucht erëm ginn, wat eis éischter an ee schlecht Liicht stelle
wëllt.
Ech huelen un, dass déi, déi dëss Zeilen liesen, och schon op aneren
Siten gekuckt hunn, an sech Gedanken maachen zu diem, wat do gewisse
gëtt.
Wat feelt op eisem Site oder wat misst besser gemeet ginn?
Nach e puer Gedanken:
- - Wou läit d'Ursaach, dass nach keen vum Forum Gebrauch mécht? Et ka
sinn, dass en net bei jidderengem geet. Mä wa keen sech mellt, da wësse
mer dat jo net, a mer kënnen och keng Uursaach sichen. Aus
Norddäitschland geet et jo emol.
- - Ganz kloer geschwat: alles, wat op dësem Site ass, fonktionnéiert
oder huet bei mir fonktionnéiert, soss wier et net drop. Wann et elo bei
engem net fonktionnéiert, da genéiert iech net, fir et ze
soen . Well wann keen eppes seet, da kënne mir et och net wëssen
a folglech och net änneren respektiv weider hëllefen. Mir wëssen jo net,
mat wat fir Computeren oder Browseren dir schafft, a wéi dir drop
schafft.
- - Dat Argument, dass dat net gutt wier, dass iwert de Computer
ënnert eis Kléngdéierenziichter kommunizéiert gëtt, dat ka jo net
gëllen. Well:
- dat ass eng modern Méiglechkeet fir Iddien auszetauschen, iwert
d'ganz Welt, mat Leit, déi een villäicht soss ni kann erreechen.
- et kënnt op dat selwecht eraus ewéi wann dohir telefonéiert géiff.
Nëmmen hei, wou Iddien musse geschriwwe ginn, muss méi iwerluecht ginn
an dann rutschen net esou séier Dommheeten eraus.
- wann ee kuckt, wivill Leit an d'Versammlungen kommen, a wivill
Versammlungen gehaal ginn, stelle mir eis d'Fro, op mer a villen
Veräiner iwerhaapt nach ënner Kollegen wëllen iwert eisen Hobby
schwätzen, oder soss mateneen schwätzen. Dann ass et dach nëmme gutt,
wann emol heiansdo Leit iwer Internet mateneen austauschen.
- dat wat hei diskutéiert gëtt ass grad esou geheim, ewéi dat, wat
um Telefon leeft. Et kann een derbäi awer och gläich datselwecht
Drëttpersounen matdeelen, ouni dass een dienen extra muss Matdeelung
maachen (uruffen). Och wann Mailen théoretisch kënnten ofgefaangen
ginn, dann ass awer wuel kaum een, dien weess, wéi dat geet, dien
géiff eis Saachen offänken, well dovunn hätt e jo kaum ee Profit.
Mir hoffen op Texter an Echoen.
D'Internet-Equipe |