Jugendpompjeeën Kéinzeg

am Joer 2008

 Den Aktuellen Effectif läit bei 11 Jonke Leit, 9 Bouwen an 2 Meedecher, déi Dag fir Dag op hier spéider Missiounen virbereet gin.

Fir d‘Betreiung vun den ungehenden Pompjeesleit sin 2 Moniteuren zoustänneg, daat natierlech benevole.

Iwert d’Joer 2008 haate mir 34 Übungen, déi sech aus Theorie, Praxis a Sport zesummesetzen. Et waren  4 vun onse Jugendlecher beim kantonalen Pompjees-Wëssenstest vertrueden, (2x Selwer an 2x Bronze), deen 3 och  gepackt hunn.

Wéi all Joer, huet ons Jugend och 2008 un all lokal Manifestatioun deelgeholl, under di „grouss“ Pompjeeën vertruede waren,  wéi Cortège vun der Kommioun, Nationalfeierdag oder Commémoratiounsdag a.s.w.

2009 kënnt elo dee grousse Moment fir 2 vun eis, endlech kënnen sech zu deene „grousse“ Pompjeeën ze zielen. Sie erreechen nämlech dëst Joer den Alter vun  16 Joer, deen et hinen erméiglecht, aus engem Jugendpompjee en asatzbereeten aktiven Pompjeesmember ze gin.

 Do get dann dat ganzt Wëssen, wat sie sech an der Jugend ugeégent hun, ofgeruff an weidergefördert.

 de Jugendleeder,

PALZER Fränk

 

Kéinzeg, den 04/03/2009