
Mat Kanner aus dem Wëllefchersalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.
Effektiv, Kanner am Alter vun Cycle 2.2 (2. Schouljoer) bis 11 Joër sinn immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléieren, entdecken, fuerschen......, och wann hautdësdaags verschidde gesellschaftlech Phenomener an Tendenzë probéieren, dëse Bediirfnësser vum Kand entgéint ze wiirken andeems se d´Erliefnëssfähegkeet versichen ze ënnerdrécken.