Second-Hand

Dir hutt eng Uniform doheem déi ze kleng ass ?
Äert Kand krut 3 Täscheluuchten geschenkt ?
Dir sicht e gudden awer bëllegen Schlofsak?

 Dann hu mir eng Léisung :

De Sandweiler Second Hand Shop
fir Uniformen a Scoutsmaterial

Mir wëllen Iech eng nei Méiglechkeet schafen fir Material ze verkafen, wat net méi gebraucht gëtt, oder gebrauchtent Material a guddem Zoustand kennen ze kafen. Dëst kennen Uniformen sinn, awer och Schlofsäk, Rucksäk, Täscheluuchten an all anert Scoutsmaterial. 

Dir kënnt äert Material bei eis ofginn, mir fixéieren zesummen de Präis, mir vermëttelen de Verkaf an dir kritt är Suen iwwerwisen, soubal d’Material verkaaft ginn ass.

D’Material gett vun eis ugeholl an verkaaft bei gréisseren Aktivitéiten (Schnupperdag, Theater,…) 

Op eisen Site www.lgs.lu/sandweiler fannt dir ëmmer déi aktuell Lëscht vun deem Material waat mir unzebidden hunn.

Fir dass mir eis nei Idee kennen gutt lancéieren, brauchen mir natierlech Wuer! Dofir wieren mir frou, wann dir an ären Kelleren, Späicheren a Schief kéint no Material kucken, wat net méi gebraucht gëtt, an nach gutt an der Rei ass, an eis déi Saachen ginn fir de Verkaf ze organiséieren. 

Andeems mir Material zu méi bëllegen Präisser ubidden, wëllen mir och déi Famillen ënnerstëtzen fir déi en komplett Scoutséquipement eng grouss finanziell Belaaschtung duerstellt.

Aktuel Lescht vum Second Hand Material
Registréier Formulaire