D´Ranger
an d´Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joër. Sie
bilden déi iewecht Branche vun Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a
Scouten. Hir Ziler sin domat déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband.
Mee, eleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an
Ufuerderungen.
*
D´RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen
oder virbereeden : d´Wiel vum Beruf, d´Wiel vun engem Liewenspartner an
d´Wiel vun enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route
as Ausdrock vun dësem sichen an ennerwee sin. D´Ziler vun der Route
orientéieren sech un de Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als
grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst
un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Chrëscht-sin schaffen. Eis
Method bidd dobäi e Kader. D´Method bei der Route as eng altersgerecht
Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nämlecht
Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Art a Weis fir se
durchzeféieren, wéi déi vun den anere Branchen. Mee bei eis as den
eenzelne méi gefuerdert, et as eis wichteg, dass d´RaRo bewosst un
hirer egener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert : d´Liewen
an engem Grupp.
De
Grupp wou d´RaRo sech treffen nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech
regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen. D´RaRo
léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen. Mir schwätze
vu Cogestioun. All RaRo mecht a sénger Route-Laafbunn eng Progressioun
mat.
* De Projet - De Projet as bei der Route dat, wat bei de CaraPio
d´Entreprise as. Et as e praktescht Emsetze vun der Scoutsmethod. Als
Projet gëllen all méiglech Aktivitéiten awer dem Alter ugepasst. Et gët
sech an Themen erageschafft a jidferee soll Konsequenze fir séng egen
Haltung zéien. Beim Plange vum Projet huelen d´RaRo Responsabilitéiten
un. Beim Ofschloss gët e Bilan gemaach. De Camp-Volant. D´RaRo sin an
engem Alter, wou si hierem Liewen eng Orientatioun musse gin : se sin
ënnerwee. De Camp-Volant as dowéinst eng ugepassten Aktivitéit fir eis
Branche.
Reliéis Aktivitéiten. De reliéise Beräich as wahrscheinlech deen, wou
déi mannste RaRo a Chef/tainen eenz gin. Eng Hëllef dëst Thema
unzegoën, bidden eis Thematesch Weekender. Gruppendynamesch Spiller.
Dës Spiller hëllefen, sech den Haltungen a Situatioune bewosst ze gin.
Konflikter gin thematiséiert a nët einfach verdrängt. Et gët eng
kënschtlech Situatioun geschaf an där kee brauch Angscht ze hun, säi
Standpunkt ze vertrieden. Et bleiwt ëmmer nëmmen e Spill. Coeducatioun
an Développement communautaire.