Branche CaraPio

CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit 60 CaraPio-Truppen, mat 637 Jugendlechen an 198 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen.

D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joër gin dann en ettlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as

    * Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
    * Knëppe vun internationale Frëndschaften
    * Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
    * am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
    * d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen

Grenzen iwwerwannen: ´Fuer duer´ ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.