E Chrëschtdags-Draam

Chrëschtdag-ech dreemen!
Am Draam gesinn ech e Faarwespill vu Luuchten an heieren flott Lidder an e freedegt
Laachen. Leider net iwwerall!
E groussen Deel vum Globus läit am Däischteren. E schwaarze Voile leisst kee Liicht
duerch.
Kee Laachen- mä Jéimeren a Kräischen!
Lues a lues verstinn ech:
D' Leit, dei am Hëlle wunnen , hu Maschinnen erfonnt, dei all Liicht afänken a späicheren— awer nemme fir sech, hir Famill, hir Frënn.
A wat se méi Liicht späicheren, wat et op dar anerer Säit vun der Welt méi däischter gët: Déi blo Faarw vum Himmel an d' Liicht vun de Sonnestraahle ginn ageschlëckt vun där Maschinn— D' Nuecht hëlt zou.
Da gesinn ech-— matten am Däischteren
                       e KAND
e wonnerschéint Liichten a sengen Aen.
Et kënnt aus Sengem Häerz.
Ech mierken: dem Kand Seng Wäermt a Säi Lächele brengen et fäerdeg,
lues a lues d' Däischtert ze verdreiwen.
Aus dem haarde Buedem wiisst d' Planz vun der Hoffnung.
Ech gin Zeie vu ganz grousse Changementer :
Leit soen: eis Däiwelsmaschinn muss ëmfunktionnéiert ginn an eng Maschinn vu Vertrauen a Solidarität.
A kuck:
0 Fraen a Männer machen hir Häerzer op an och hire Portefeuille
fir déi Hongerech an dei Ausgestoussen.
0 Jong Koppele setzen e Bett bäi fir e Kand ouni Famill an ouni Freed
egal wéi seng Hautfaarw ass.
0 Kanner ginn hirer Lieblingspopp eng lescht Beess,
a leeë se an d' Hand vun engem Kand ouni Popp.
0 Anerer werfen Krichs- Spillsachen an de Bac an dreemen:
wann ech grouss sin, gin ech Leit hëllefen
a brëngen hinnen Freed an Hoffnung.
0 Pennsionnéierter din sech zesummen a bauen Brëcke vu Solidaritéit. 0 Vill Leit verzichten op en Deel vun „Zevill"
zu Gonschte vu Chômeuren, Flüchtlingen, Leit „ ouni Daach iwwer dem Kapp".
An da gesinn ech
eng Prëssessioun vu Leit, ënnerwee a Richtung Krëpp;
si sange Gottesluef
an engagéiren sech am Dingscht vum
KAND VU BETHLEHEM
                                                                                               Abbé Ferdy Fischer