Geschicht
D' Geschicht vun der Harmonie Victoria Téiteng
De 15. August 1894 hunn 29 musikbegeechtert Männer d'Fanfare "Victoria" Téiteng gegrënnt. Anscheinend soll d'Fanfare nom President sengem Meedchen benannt gi sinn. Deen éischte President war de J.P. Zimmer an deen éischten Dirigent de F.Kreins vun Esch. De Proufsall war an der "Feltese Scheier" vis-à-vis vun der Kierch.
1900 huet de Veräin fir d'éischte Kéier bei engem Concours zu Miersch matgemaach, wou en den 2. Präis an der 3. Klass, 3. Sektioun kritt huet.
Am Joer 1902 koum et zu Streidereien an der Fanfare. Den M. Schmit war als President gewielt ginn an d'Fanfare huet sech an zwee getrennnt. Wien elo vun deenen zwee Veräiner dee richtegen Ierwen vun der Fanfare "Victoria" war, blouf ëmstridden. Emmerhi koumen se 1908 erëm zesummen.
Am Joer 1911 krut d'Fanfare um Concours zu Déifferdeng deen 1. Präis. No weidere Streidereien an nach enger Trennung iwwerhëlt den Här Diederich da schlussendlech de Posten vum President vun där neigegrënnter "Harmonie Victoria Téiteng".
1922 huet d'Harmonie dann un engem weidere Concours deelgeholl, an zwar zu Iechternach. D'Erwuardunge ware wuel e bëssen héich gesat ginn, well déi zwee 2. Präisser an der 2. Divisoun sinn hinnen net duergaangen an et koum erëm zu Streidereien.
1931 an 1932 koumen weider Concoursen. 1934 huet d'Harmonie et gepackt an déi éischt Divisoun opzeklammen. Während de Krichsjoeren gouf d'Aktivitéit natierlech staark ageschränkt. Wéi vill aner Veräiner huet och d'Harmonie Victoria Téiteng ëm d'Iwwerliewe gekämpft. Et huet laang gedauert, bis d' Wonnen aus der Krichszäit verheelt waren.
1961 huet de Veräin an der Division Supérieur, Sektioun B, zwee 1. Präisser mat Distinctioun kritt.
Zënter 1968 spillt d'Harmonie Victioria Téiteng an der Division Excellence.
Fir Fotoen klickt hei!