Pressekonferenz 14.05.2002
Täuschung vun der Öffentlechkeet an de Gemengen :
Eng Chronologie
Am Mai 2001 huet de Meco sech dMéi gemeet an op enger Koart, all déi Stroossebauprojeeten, déi am Süden an Südwesten vum Land ustinn ze veröffentlechen, nämlech Ubannung vun der Westtangent vun der Nordstrooss un den PED zu Péiteng, Ubannung vun der Collectrice un dat belgscht Autobunnetz, de by-pass zu Féitz, den Ausbau vun der Collectrice.
Doropshin hu sech am Süden vum Land engagéiert Leit zesummenfond an sin mam MECO géint dėsen Stroosebauwahn a fir eng nei Mobilitéitspolitik agetrueden. Dorauser sin eng Rei vun Biergerinitiativen enstaanen : Monnerech, Kėntzeg an déi vun der Gemeng Suessem.
Déi eenzel Biergerinitiativen an dRegionalen vum MECO schaffen absolut autonom. Et verbannen se awer déi gemeinsam Analyse vun der Situatioun an déi gemeinsam Fuederungen. Et gin och gemeinsam Aktivitéiten durchgefouert, et besteet eng gemeinsam Plattform. Se schwätzen wat dStroossebaupolitik am Süden an Südwesten vum Land ugeet aus engem MOND. All Biergerinitiativ huet agesinn, dat et sech héi em 2 grouss Projeeten handelt, an dat et näischt bréngt , wann jidfereen a sengem Eck wurschtelt. Et muss een den Zesummenhang gesinn : dUbannung vun Sélange mecht aus der Collectrice eng Transitautobunn an den Contourenemnt vun Bascharage as déi grouss Nord-Süd Verbindung vum Land. De Motto, deen dBiergerinitiativen verbėnnt, as deen vun enger neier, méi moderner Verkéierspolitik, vun engem absolut innovativem öffentlechen Transport.
DStärkt as :
a) déi gemeinsam Iddien, an nėt dProbleemer vun enger Südgemeng an déi aaner ze verlageren, well nėt nėmmen dMadame Hennicot versteet dat.
Zitat Madame Erna Hennicot-Schoepges :
Mär sin an eiser Partei gewinnt, dat mär och de Problem vum Noper kucken a mär sin gewinnt dat mär versichen zumindest déi Probleemer déi dLeit hun ze verstoen.
b) un engem Strang ze zéien. Mär wellen nemmen eng Verkéierspolitik, déi fir eis all Verbesserungen brengt. An déi akzeptéieren mär och.
Déi offiziell Reaktiounen awer woaren bis elo :
Während dPolitikerInen emmer erem dPolitikverdrossenheet an den feehlenden Engagement vun de BiergerInnen bedauert, gett an dėsem Fall genau de Kontraire gemeet : et gett probéiert déi engagéiert Leit monddout ze machen, se ofzeschrecken.
Zitat Madame Erna Hennicot-Schoepges :
Ech machen en Appell un all gudd gesėnnten Lėtzebuerger, all korrekt denkende Bierger sech nėt irrféieren ze lossen vun faalschen Tatsachen, déi an dWelt gesat gin, wou keng politesch Intentioun dohannert as se ze réaliséieren.
Mettlerweil sin awer all des Projeeten bestätegt gin.
Zitat Här Michel Wolter :
DJonctioun vun Sélange muss gebaut gin, fir dat déi Léit déi an Kėnzeg wunnen eis nėt an 5 oder 7 Joer kommem, mär kėnnen eis Kanner net iwert dStrooss schécken.
Oder och nach
Mee dat der gebaut gin dat garantéieren ech äch, egal wéi een Minister an Zukunft an deem Land as.
Et kann een sech dFro stellen wat geschitt wär, wann de Mouvement écologique des Pläng nėt veröffentlecht hätt ? Ma dann wären dStroossen réaliséiert gin ouni vill gedäisch.
Nach am Dezember 2001 huet Mme Hennicot bei enger Entrevue mam MECO gesoot et géifen keng weider Stroossebauprojeeten geplangt gin ouni dSüdgemengen anzebannen an ouni dat hieren Impakt ennersicht gäif gin. Si huet esouguer vun der Nullvariant fir dWestvariant vun der Nordstrooss ze ennersichen geschwat. (esou wéi dEU Direktiv iwert dImpaktstudien et eigentlech virgesäit). Mee dRealitéit as leider eng aaner.
No der Veröffentlechung vun de Pläng Mai 2001 huet dMme Hennicot an e puer Inteviewen behaapt, et géif keng Ubannung vun der Collectrice geplangt gin.
Zu allem Widdersproch as awer an engem Artikel vum 15. November am L.W. ze liesen :
" Die Bautenministerin will nämlich mittelfristig u.a. ebenfalls die Verbreiterung auf drei Fahrbahnen der Arloner und Düdelinger Autobahn mit der Umgestaltung des Gasperichen Kreuzes, die Westtangente, die Anbindung der " Pénétrante du Sud " an das belgische Autobahnnetz über Sélange sowie den sogenannten " plan sectoriel Sud " realisieren. "
Et kéint een natiirlech och hei soen wéi den Här Michel Wolter :
Zitat Michel Wolter :
Kennt där dat Lidd vum Reinhard May ? Weil es in der Zeitung stand.
Zitat Madame Erna Hennicot-Schoepges :
Ech sin der Iwerzeegung ddemokratesch Regelen an eisem Staat an dat déi esou demokratesch sin, dat eigentlech all Biergerinitiativen iwerflesseg machen, well jidfereen, all Biirger informéiert gett.
A weider
Ech hun natiirlech keng Loscht fir emmer dat selwecht ze soen an fir net gegleewt ze kréien.
An dofir huet dMadame deen Bréiw geschriewen wou dran steet :
Je nai rien à vous communiquer.
Esou e Versteeste mech vun Demokratie sprecht Bänn.
5)Trotz den offiziellen Aussoen geet dPlanung firun
Well am November, an dat sin 6 Méint no der Veröffentlechung vun de Pläng iwert de MECO, huet den 6. Sommet vun der Granderégion zu Munneref stattfond. Héi fannen mär offiziell Dokumenter, déi all dės Projeeten beleegen.
DUbanung Sélange-Biff Projet 23
St.Vith-Ettelbréck-Nordstrooss-Kielen-Bascharage Projet 24
Mä dat erklären mär äch méi spéit.