Historique vun der BIGS
31. März 1999
De Suessemer Gemengerod stėmmt mat 9 géint 4 Stėmmen eng Resolutioun géint dUmgehungsstrooss vu Käerjéng op Suessemer Terrain.
15. Februar 2000
DPropriétairen vun den betraffenen Suessemer Terrainen schreiwen e Bréif un dGemeng.
Mee 2001
De Mouvement Ecologique veröffentlecht e Pabeier iwer dStroossebauprojeten am Süde vum Land
Mee / Juni 2001
Awunner vu Suessem, dorenner spéider Memberen vun der BIGS sammelen iwer 1000 Ennerschreften géint déi Strossebäuprojeten.
19. Juni 2001
De Schäfferoot huet eng Entrevue um Ministär, dobäi gett och dEnnerschreftelescht firgeluet.
Dezember 2001
De Mouvement Ecologique présentéiert déi Projeten nach eng Kéier zu Suessem an hält och eng Pressekonferenz , eis spéider Präsidentin schwätzt fir déi betraffe Bierger.
31. Januar 2002
Op déi Opklärungsversammlung vum MECO hinn, treffen sech 31 Lait fir eng Biergerinitiativ ze grėnnen.
20. Februar 2002
Provisoresche Komité vun 25 Lait.
März 2002
Entrevue Buergermeeschteren vun Suessem, Käerjéng an Dippech um Ministär.
Februar / März 2002
E Komité vu 15 Lait fängt u mat schaffen. Kontakter ginn opgeholl mat der Biergerinitiativ Suessem déi nach besteet mä nėt méi aktiv ass. En Informatiounsowend fir dBevölkerung gett an enger ganzer Reih vun Réuniounen préparéiert. DBiergerinitiativ Suessem décidéiert sech opzeléisen an eis mat engem Startkapital ze ennerstetzen.
Ufank Abrėll 2002
Et gett weider un der Préparatuoiun vum Informationsowend geschafft, Invitatiounen ginn un all Stoot an der Gemeng verdeelt.
15. Abrėll 2002
Eis Statuten ginn zu Esch enregistréiert.
18. Abrėll 2002
Informatiounsowend an der Haal zu Suessem. Firun enger voller Haal an enger ganzer Reih vu Vertrieder vum Gemengeroot an der Press stelle mer eis fir. An enger Multimediashow gi mer virun allem op dProblematik vun de Stroossebäuprojeten an.
22. Abrėll 2002
Eis Statuten ginn déposéiert.
8. Mee 2002
Zesummen mat Vertieder vun den Biergerinitiativen vun Kielen, Monnerech, a Kėnzeg besiche mer eng Versammlung vun der CSV Kėnzeg déi dMinisteren Hennicot a Wolter opgebueden huet " fir dLeit ze berouechen ". Waat hinnen awer nėt gelongen ass.
14. Mee 2002
Pressekonferenz vum MECO Süden zesummen matt den Biergerunitiativen vun Kielen, Monnerech, Kėnzeg an Suessem. Présentatioun vun der gemeinsamer Plattform " Fir Mobilitéit mat Zukunft ".
Juli 2002
Fir dgrouss Vakanz gėtt eng Rei grouss Informatiounspannoen laanscht Velos- a Spazéierwéer ronderem Suessem installéiert.
13.-15. September 2002
Stand op der Oekofoire, zesumme mat der Plattform.
14. September 2002
Stand zu Esch um Hieschtmoart.
14. März 2003
1. Generalversammlung vun der BIGS zu Suessem. Haaptdiskussiounspunkten waren : Strossebauprojeen, Kronospan an GSM-Antennen.
15. Mee 2003
Informatiounsversammlung zu Kärjeng an Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique
21. Juni 2003
Avis zu dem neie Projet vun de GSM-Antennen.
21. September 2003
Velosrallye zu Suessem am Kader vun der "journée européenne sans voiture en ville"
2. Oktober 2003
Informatiounsowend am Café du Centre zu Suessem zum neie Projet vum Contournement vu Kärjeng. An enger öffentlecher Sitzung gouf dėse Projet den 12.9. dem Gemengerod vun der Gemeng Suessem vu Leit aus dem Bauteministär präsentéiert.
13. Oktober 2003
De Suessemer Gemengerod stėmmt geschlossen (just de Gemengerod HOFFMANN (DP) enthält sėch senger Stėmm) eng Resolutioun géint de neie Projet vun der Umgehungsstrooss vu Käerjeng.
Hei ass dės Resolutioun27. November 2003
Entrevue als Plattform mam Claude TURMES (Europadeputéierten) an GREAT (Groupe Ecologiste de "l'Agglo" Transfrontalière)
28. November 2003
Pressekonferenz zu Stroossebauprojet'en am Süden a Südwesten vum Land organiséiert vun der Plattform "Fir Mobilitéit mat Zukunft"
Hei dėsen Pressedossier11. Februar 2004
2. Generalversammlung vun der BIGS zu Suessem.
26. September 2004
2. Velosrallye vun der BIGS am Noerhoulungsgebidd vun Suessem.
27. Januar 2005
Generalversammlung vun der BIGS zu Suessem.
25. September 2005
3. Velosrallye vun der BIGS am Noerhoulungsgebidd vun Suessem.
26. Januar 2006
Generalversammlung vun der BIGS zu Suessem.
24. September 2006
4. Velosrallye vun der BIGS am Noerhoulungsgebidd vun Suessem.