Retour op d'Haaptsait

Présentatioun vun der BIGS

 

BIGS steet fir BiergerInitiativ Gemeng Suessem

D’Associatioun ass ouni Gewėnnzwecker mat Sėtz an der Gemeng Suessem.

D’BIGS as onofhängesch vun politeschen a religéisen Usiichten.

D’BIGS as Grėnnungsmember vun der Plattform Fir Mobilitéit mat Zukunft

 

Ziler vun der BIGS

 

- Erhalen an virun allem Verbesseren vun der Liewensqualitéit an eiser Gemeng

- Schutz vun der Emwelt

- Verhėnneren vun neie Projeeėn déi en schiedlechen Afloss hun

andeems mär den Dialog zwėschen den Bierger an den Responsabelen vun deenen verschiddenen Industrien wellen förderen

andeems mär emmer erėm wėllen drun erenneren, dat déi modernsten Technologien mussen agesat gin fir eis Emwelt ze schounen

 

Firwat brauchen mär iwerhaapt eng Biergerinitiativ ?

 

Mär zielen äch emol déi verschidden bestehend Emweltbelaschtungen op :

Schon aleng fir dės Dossieren am A ze haalen, brauchen mär Leit, déi mat hierer Gemeng verwurzelt sin, déi sech fir hier Emwelt asetzen, weder Zäit nach Méi scheien. Mär brauchen Leit, déi konstruktiv matschaffen, déi den Dialog souwuel mat den Gemengeresponsabelen, der Emweltkommissioun, der Verkéierskommissioun, der Bautekommissioun an villen aaneren nėt scheien.

 

Mobilitéit

Dėsen Dossier as deen brisantesten an fir den Ament deen wichteschsten. Mär hun vun eiser Grėnnung un nėmmen dorunner geschafft.

Projeten déi an der Loft stin :

Kaart vum bestehenden an geplangten Autobunnsnetz

Dat heescht...

Mär fuederen

Wat kann d’BIGS machen ?

Wéi kėnnt där der BIGS hėllefen ?

Wat huet d’BIGS no engem Joer schon erreecht ?

All déi Projeen vun den Strossen, déi mär äch opgezielt hun ; sin op Äis geluecht gin. Dat heescht awer nach lang nėt dat se vum Dėsch sin. Mär bleiwen nach ėmmer ganz opmierksam a verfollegen d’Diskussiounen vun ganz no.

Den Contournement vun Kärjheng bereed eis awer am meeschten Kappzerbriesches. Deen as nach ėmmer aktuell. (cf Resolutioun). Hei musse mär nach ėmmer um Ball bleiwen, eis informéieren an soubal sech eppes Neies deet domat ennert d’Leit goen.

 

Retour op d'Haaptsait