Hues du Spaass un der Musék?
Hues du Freed um Sangen?
Wells du gär am Kannerchouer oder am Jugendchouer vu Consdorf matsangen ?
Du muss net zu Consdorf wunne fir kënnen am Chouer matzeman.
Mir bidden dir:
- vill Freed mat Gesang a Musék am Grupp,
- eng kompetent gesanglech a musikalesch Leedung,
- d’Geleegenheet fir bei Concert’en a musikaleschen Evénementer uerchter d’Land mat ze man,
- e gudden Encadrement bei Concert’en a Sortien.
Wat muss du mat an de Chouer brengen?
- Freed um schéine Sangen
- Disziplin a Konzentratioun am Grupp
- Engagement fir bei alle Prouwen a Concert’en dobei ze sin
- eng parallel musikalesch Ausbildung (Solfège an Instrument) an der Musékschoul as wënschenswert
Fir all weider praktesch Informatiounen zu de Prouwen (wieni a wou) kanns du ons iwer e-mail kontaktéieren. Wann’s Du interesséiert bass fir dech unzemelle fënns du hei den Umelldungsformulär fir eroofzelueden.

