De Chouer guef den Oktober 2003 gegrënnt a besteet zur Zeit aus 45 Sängerinnen a Sänger vu 6 bis 21 Joer déi an 2 Gruppe gedeelt sin: de Kannerchouer (Cycle 2.1 bis 4.1 inclus) an de Jugendchouer (vum Cycle 4.2 un).

Mir sange Lidder aus aller Welt, a ville Sproochen an vun alle musikalesche Genren (Klassesch, Pop a Rock, Musical, Jazz, Filmmusek, Folklore, .....), 1- bis 3-stëmmeg (am Jugendchouer mat Männerstëmm), a capella a mat Piano, Band- oder Orchesterbegleedung.

De Chouer huet all Joer eng ganz Rëtsch Concert’en an Optrëtter. 2012 hu mer ënnert anerem de Musical "Grease" szenesch opgefouert a bei "Carmina burana" matgemach. Mir wore schon zwee mol beim UGDA's Gesangsconcours dobei, hu bei CD-Opnahme participéiert (Letz Fetz, Banda Limbo, Kosmockel, Where will the Children play) an Uropféierungen realiséiert.