DISKUTIOUNSPAPEIER FIR EN VERWALTUNGSKONZEPT VUM SELBSTVERWALT JUGENDZENTRUM LETZEBUERG (S.J.L.)

 

I. MEMBEREN, AKTIVE MEMBEREN,  SYMPATHISANTEN

A)     1.a) Neie Mêmber vum S.J.L. kann een jhust während enger Vollversammlung (V.V.) gin. Den Interesséierten stellt sech dann an dëser V.V. vir an seet äusserdeem och a wat fir enger Form e matschaffe wëll.

              b) Den S.J.L. as alle Jonken op, ongeuecht sénger Zougehéierreegkeet zu enger Rass, Natioun, Religioun oder Iwerzeegung, Klass oder gesellschaftlecher Positioun, soufern e sech den Grondsätz vum S.J.L.nët friëm fillt.

        2. An dëser V.V. kritt dësen dann och eng Mêmberskoart mat engem dozougehéirégen SJL-Positiounspabeier (Konzept), wou d'Ziler an d'Iddeen vum S.J.L. festgehale sin. D'Cotisatioun an den SJL-Positiounspapeier gin op der Generalvollversammlung festgesat.

B)     1. Als aktive Member gëllt deejéinegen Mêmber vum S.J.L. eréischt dann, wann en sëch am S.J.L. tatsächlëch aktiv asetzt, sief ët an engem Aarbèchtsgrupp (A.G.), am Groupe administratif (G.A.) oder duerch een aanert bestännegt Engagement.

          2. Fir Stëmmreecht an enger V.V. vum S.J.L. ze hun, muss de Mêmber vun der V.V. als aktive Mêmber ugesi gin, d.h. wann d'V.V. mat Majoritéit der Meenung ass, de Bereffenden wär an leschter Zäit alles aneschters ewéi aktiv tätég gewiescht an dohir och nët am Bild wat bestëmmte Froën ugeet, veléiert hien säi Stemmrecht an der oder deene bestëmmte Froen. (D'Meenung vun sengem A.G. gëtt dobäi zum gréissten Deel.beuercht)

C)     1. Sympathisant as, wien eng Sympathisantekoart huet. Sech "Sympathisant" bekennen heescht: solidaresch stoën mam S.J.L. an un sengen Aktivitéiten deelzehuelen, ouni direkt aktiv ze sin. D'Cotisatioun gëtt op der Generalvollversammlung festgesat.

          2. Em de Verkaf vun de Sympathisantekoarten bekëmmeren sech déi Mêmberen.déi sech dofir bereet erkläeren. Si gin dann dem Responsabelen fir d'Sympathisantekartei (z.B.: G.A.) all Bäiträg an Adressen weider.

          3. Fir d'Sympathisantekoarten méi aktraktiv ze maachen, gin verschidden Aktivitéiten oder Workshopen den Sympathisanten méi bëlleg ze gemaachen (z.B. Konzert, Film, a.s.w. fir Sympathisanten 50.-flux an fir nët Sympathisanten 100.-flux.
 

II. VOLLVERSAMMLUNG (V.V.)

A)     1. Gemäss de Statuten (Tit. III, art. 1) ass mindestens eng Vollversammlung am Mount virgesin, fir d'Plangen, d'Stukturéieren an d'Organiséieren vun Aktivitéiten am S.J.L.an dobäi ass ët der asbl wichtëg all den  aktiven Mêmberen hier Meenung, Wënsch a Virstellungen, durerch Matbestëmmung, zu Wuert komme ze loossen.

           2. Zweschen den V.V. kënnen äusseruerdendlech Vollversammlungen aberuff gin, wann Mêmberen et fir néideg empfannen oder wann d'Zäitspan, fir gewëssen Entscheedungen, zwëschen den normalen V.V. ze grouss ass.

B)      1. All Mêmber a Sympatisant, souwéi och jiddereen neien Interesséierten ass berechtegt un der V.V. deelzehuelen. Wien op der V.V. uwiesend ass, soll de Verlaf vun däerselwéschter net behenneren. (c.f. Hausuerdnung Punkt 1). Aanerfalls kann de Betreffenden opgefuerdert gin, d'Versammlung ze verlossen.(c.f. Ofstëmmungsmodalitéiten Punkt 3.)

            2.a) Den S.J.L. gesäit sech als en Treffponkt vun Jonke Leit un, an dat um regionalen, nationalen bis internationalen Niveau. Dat léisst sech duerch seng zentral Lag erkläeren an och de Faît datt et an enger europäëscher Haptstad läit. Dohier och, datt Jugendlëch äus alle Géigenden sech am S.J.L. fannen an engagéieren.

                b) Haptakzent gëtt op Multi-Kulturellen Aktivitéiten gesat, déi vun de Jonk selwer organiséiert an ugebuede gëtt, mat méiglecher Hëllef vun erfuere Leit.

                  c) Am S.J.L.gëtt den Ennerscheed zwësche Mêmberen an Sympatisanten gemach. Mêmber ass een deen sech bereet erkläert aktive matzeschaffen an sech och engagéiert seng Verantwortungen ze huelen. Sympatisant ass een deen un den Aktivitéiten vum S.J.L. deelhëllt ouni iergendengem Engagement.

C)      1.a) Den S.J.L. versicht eng kollektive fonktionéiernd Associatioun ze sin, déi d'Haaptakzent op d'aktiv Partizipatioun an Matbestëmmen vun senge Mêmberen setzt. E krittësche Geescht an de Sënn fir d'Verantwortung vu jidferengem sollen ënnerstëtzt gin, souwéi och d'Förderen vun de Jonken an hierer Autonomie.

              b) Am Idealfall soll souvill Verwaltungsgewalt wéi méiglech gläichberechtegt vun all den aktive Mêmberen vum S.J.L. ausgoën (c.f. Stëmmrecht I.B.1+2): >>> Statuten, Hausuerdnug, Konzept, Grënnung vun Aabéchtsgruppen, gestallten vum zukünftege Programm a Projet'ën, a.s.w..., déi sech dofir op de Vollversammlungen treffen.

             2. Keng Bestëmmung däerf géint d'Statuten an d'Grondsätz vum S.J.L. verstoussen a muss am Rahmen vun der bestoënder Gesetzgebung bleiwen. Äusserdeem muss së och vum Komitee d'Accompagnement vum S.J.L. (c.f VII. K.Acc) als Akzeptabel gëllen. Eng Bestëmmung ass eréischt ugeholl, wann d'Ofstëmmungsmodalitéiten Punkt 1 an 2 erfëllt sin.

D)             All eenzele Mêmber vum S.J.L. huet d'Suerg dofir ze droën, datt engem gemeinsame Beschloss vun enger V.V. folleg geleescht gëtt; d.h. falls sech Problemer stellen, sin all Mêmberen verpflicht mat Verantwortung ze droën, an deem Sënn, datt se sech un der Léisung vum Problem bedeelegen.

E)      1. D'Vollversammlung gëtt an der Regel vun Versammlung zu Versammlung festgeluegt an vun deenen aktive Mêmberen virbereet déi an der V.V. dofir délegéiert goufen ( c.f. Statuten Tit.III, art. 1 ) Ass V.V. nët virbereet gin fënd se awer statt an den Ordre du Jour gëtt dann op der Vollversammlung selwer festgeluegt.

          2. All Mêmberen hun d'Recht äusseruerdendlech Vollver-sammlungen anzeberuffen wann déijéineg ët fir néideg fannen. An deem Fall gin d'Invitatiounen vun dëse Mêmberen verschéckt an daat néidegt Material ewéi Bréifpapeier, ATR-Stempel, Tîmberen, Adressen, a.s.w... gëtt vum Grupp administratif zur Verfügung gestallt.

F)         Normalen Oflaf vun enger Vollversammlung.

              1. All Vollversammlung wielt een Diskutiounsleeder an een oder méi Rapporteuren.

              2. Den Diskutiounsleeder bekëmmert sëch drëms datt jiddereen an der V.V. zu Wuert kënnt ouni datt dësen onnéideg ënnerbrach gëtt. Bei eventuelle Problemer kann d'V.V. op Prinzip vun enger Riednerlëscht fonktionéieren déi vum Diskutiounsleeder geféiert gëtt. An deem Fall kann all Mêmber oder Nët-Mêmber sëch dann op déi Riednerlëscht opschreiwe loossen an wann säin Tuer un der Rei ass , säi Kommentar zum diskutéierten Punkt soen.

              3. De Rapport vun all V.V. gëtt vun engem oder méi Rapporteuren ugefäerdegt, déi vum Grupp administratif klasséirt gëtt (all Mêmber huet doran abléck). Wäerend der V.V. schreiwt de Rapporteur esou détailléiert ewéi méiglech mat op an e soll an all Moment vun der V.V. gefrot kënne gin, wat zum diskutéierte Punkt bis dohin beschwat gouf. No all Punkt vum Ordre du Jour hällt d'V.V. fest wat an dë Rapport stoë kënnt. Äusserdeem däerfe keng Nimm an och keng Initialen an de Rapport dra stoë kommen.

          4. An all V.V. gëtt eng Präsenzlëscht (mat den Mêmberen, aktive Mêmberen, Sympatisanten, Visiteuren...) ugefäerdegt, déi vum Grupp administratif klasséirt gëtt (all Mêmber huet doran abléck).

              5. Et gëtt den Ordre du Jour festgesat ewéi: Rapport vun de Finanzen an wat domat geschidd, vergaangen Aktivitéiten an hier Problemer, zukünftege Programm an Organisatorësches, Divers asw...

              6. Am S.J.L existéiert eng Méckerkëscht deen jiddereen benotze kann (ët ass dem eenzelen iwwerloos säi Kommentar anonym ze loossen oder duerch seng Initialen oder säi Numm ze kennzeechnen). Den Inhalt vun der Méckerkëscht gëtt op der V.V. virgelies.

              7. Neie Mêmber kann een jhust während enger Vollversammlung gin, wou deejéinegen dann och eng Mêmberskoart kritt. Den Interesséierten stellt sech an der V.V. vir an seet dann och a wat fir enger Form e matschaffe wëll.

              8. Op den V.V. kréien eenzel Mêmberen, A.G. oder G.A.. den Optrag sech ëm déi noutwendeg Chargen ze bekëmmeren fir de geplangten Programm vum S.J.L. ze garentéieren (ewéi z.B. organiséieren vun Workshoppen, entwerfen vun Plakkaten, administrative Aarbèchten, asw...)

              9. Nei Aarbéchtsgruppen gin jhust an der Vollversammlung gegrënd, nodeems den A.G. der V.V. säin Positiounspapeier virgestallt huet. (c.f. Aarbéchtsgruppen)

             10. Fir d'Organiséieren vun Botzéquippen ass äusser den A.G och d'V.V. dofir zoustänneg. Et kéint eng bezuelte Botzpersoun agestallt gin, déi 1x Woch (+-4h.) dat néidegts géif botzen. (Toiletten, Trapenhaus, Sekrétairiat,...) Trotzdeem ass weiderhin all Mêmber verpflicht fir d'Propretéit vun deene Räum ze suergen, deen hien benotzt.

G) Ofstëmmungsmodellitéten:

 1. D'Vollversammlung ass nëmme beschlossfäheg wann op mannst 1/3 vun all senge aktive Mêmberen, déi am S.J.L. matschaffen präsent sin. (d'V.V. beschléisst wien tatsächlech aktive war oder nët an dobäi zielt d'Meenung vun sengem A.G. zum gréissten Deel.)

              2.a) Am Normalfall entscheed d'einfach Majoritéit vun den aktive Mêmberen déi op dëser V.V. präsent sin. D'Enthaalungen gin nët matgezielt ët kann een seng Stëmm nët délegéieren.

                  b) Keng Bestëmmung däerf géint d'Statuten an d'Grondsätz vum S.J.L. verstoussen a muss am Rahmen vun der bestoënder Gesetzgebung bleiwen. Äusserdeem muss së och vum Komitee d'Accompagnement vum S.J.L. als Akzeptabel gëllen.

 3. Verweis aus enger V.V. (verstouss géint d'Hausuerdnung Punkt 1) kann nëmmen duerch Unanimitéit, vun den aktive Mêmberen déi an der V.V. präsent sin, erfollegen.

              4.a) Exklusioun aus dem S.J.L. vun engem Mêmber oder Nëtmêmber geschidd duerch 2/3 Majoritéit vun den aktive Mêmberen déi an der V.V. präsent sin. (Statuten Tit. II, Art.3; >> en cas de contravention aux présents statuts et en cas de préjudice causé aux intérêts de l'association <<)

              b) Virun an während der V.V. kritt dësen d'Geleegenheet sech ze rechtfertegen an seng Positioun duerzeléën. Eng Exklusioun gëtt nëmmen duerchgefouert no enger bereits erfollgter Verwarnung duerch d'V.V. D' V.V. befënd och doriwwer wéi dëss Exklusioun auszegesin huet.
 

III. GROUPE ADMINISTRATIF (G.A.)

A)     1. En G.A. ass als administrativen Organ vum S.J.L. virgesin, fir eng genügend deeglech Verwaltung vum S.J.L. ze garantéieren; en ass mat den Aufgaben betraut, sech em d'Organisatioun vu spézifesch ufalend Problèmer am administrativen, techneschen a finanzielle Beräich ze bekëmmeren an en ass och den Coordinatiouns-Komitee fir eng gudd zesummenaarbècht zwësche de Mêmberen am SJL, den A.G. an hieren Aktivitéiten ze erméigeleschen. (Statuten Tit.III Art.4)

              2. De G.A. versicht den Uweisungen a Wënsch vun den Vollversamlungen an hieren Mêmberen sou wäit wi méiglech folleg ze leeschten. Trotzdeem wat am Num vun S.J.L. geschidd gëtt zwëschen der V.V., dem G.A. an dem Komitee d'Accompagnement verhandelt.

B)         Zesummesetzung vum Grupp administratif:

              1. De G.A. besteet aus 3 G.A.-Vertrieder, déi an der GeneralV.V. dofir gewielt gin. Si engagéieren sech hier Chargen während engem Joër uerdendlëch auszeféieren an kënnen zu all Moment, duerch einfach Majoritéit, an enger äusseruerdendlecher V.V. ofgesat gin, wann dëst néideg sollt sin.

              2. Ausserdeem besteet de G.A. aus den eenzelnen A.G.-Vertrieder, an aus Mêmberen, déi eng Charge ze erfëllen hun, déi d'V.V. hinnen zouerdeelt huet. (z.B. Stagiären, Sekretär, asw...)

              3. An äus dem S.J.L.-Coordinator (c.f. V. S.J.L.-Coordinator)

C)         Haaptaufgaben vun den 3 G.A.-Vertrieder:

          1. Et solle Personage sin, déi d'Fähegkeet opweisen, zwëschen den eenzelen Guppen a Gruppéierungen innerhalb vum S.J.L. ze vermëttelen an den SJL  an der Öffentlëchkeet ze repäsentéieren.

              2. Si bilden zesummen mam S.J.L.-Coordinator d'Équipe de Liaison zwëschen dem Service Jeunesse (S.J.) vun der Gemeng an dem S.J.L. (D'Nim an d'Adressen gin dem S.J. direkt no der GeneralV.V. matgedeelt, sou wéi och all ännerungen) an huelen och mam S.J.L.-Coordinator, als Équipe de Liaison un den Komitee d'Accompagnement-Treffen deel.

             3.a) Si bekëmmeren sech em d'S.J.L.-Haaptkeess an ët wär ubruecht een trimestrielle Rapport der V.V. virzeléën oder op manst awer eng Kéier am Joër, op der GeneralV.V., ee komplette Keessebericht.

                 b) D'Ennerschrëftsbereechtegung, vum S.J.L.-Haaptkonto op der Fortuna, kritt een G.A.-Vertrieder zesummen mat engem aaneren Mêmber déi GeneralV.V. désignéiert, d.h. doduerch kann keen ouni deen aaneren Suen ophiewen

D)         Aufgaben vum ganze Grupp administratif:

             1. Si gesin sëch als dën administrativen Aarbèchtsgrupp vum S.J.L. a bekëmmeren sech ëm den S.J.L.-Sekrétariat (Büro mat Info-Buttek) an organiséieren,an der méiglegkeet, eng wöchentlech Permanents, fir dat all S.J.L.-Visiteur sech informéieren kann.

          2. Si bekëmmeren sech ëm de Courrier deen den S.J.L. kritt an och ëm d'Kontakter no Bäussen.(z.B.: mat aaner Jugendhaiser, der Gemeng, asw...)

              3. Si bekëmmeren sech d'anstänneg Klasséieren an d'Zesummestelle vun sämtleche Dossierën mat:
 

             4. Si iwwerhuelen, an der méiglechkeet, déi Aarbéchten déi d'V.V. hinnen zougedeelt huet, wéi z.B.: organiséieren vun verschidden Wokshoppen an Aktivitéiten, eräusbrengen vun engem Infoblat mam Programm wat sou alles am S.J.L. leeft, eng Emfro starten asw...

E)             Mindestens 2x am Mount ass G.A.-Versammlung, fir iwwert d'Fonktionnement vum S.J.L. ze beroden an fir och déi néideg G.A.-Aarbèchten opzedeelen. All Mêmber vum S.J.L. kann dëse G.A.-Versammlungen bäiwunnen, ouni awer direkt Matsproochreecht ze hun. Eventuell Umierkungen zu dëse G.A.-Versammlungen kënnen op der nächster V.V. zur Diskutioun bruecht gin.
 

IV. S.J.L.-SEKRETARIAT

A)             Den S.J.L.-Sekretariat ass d'Verwaltunszentrum an d'Informatiounsplaz vum S.J.L. (S.J.L.-Büro an Info-Buttek) déi vum G.A. gefouert gëtt.

B)             Am S.J.L.-Sekrétariat gin sämtlech administrative Aarbèchten duerchgefouert an klasséiert. Fir eng zouverlässeg Aarbècht duerchféieren ze kënnen, gëtt e minimum vum folgend Material benéidegt ewéi:

              1. E klenge Computer mat Printer (z.B. Macintosh oder PC) mat Word, PageMaker an aaner Programmer déi néideg sin, fir d'Entwerfen vun Dokumenter, Texter, Invitatiounen, Flug- an Infoblieder, Formulairen, Adresselëschten, asw...

              2. Eng Fotocopiesmaschinn ass néideg, fir d'Multiplikatioun vun den Entwerf. All Mêmberen an A.G. kënnen dëss benotzen wann ët fir den S.J.L geduercht ass. Eng regelméisseg technesch Kontroll vun der Fotocopiesmaschin kéint vun der Gemeng iwwerholl gin.

              3. En Telefong mat Anrufbeantworter ass néideg, fir d'Kontakter zwëschen dem S.J.L. an Ausserhalb ze erméiglëchen.

C)         Den S.J.L.-Sekrétariat ass äusserdeem d'Informatiounsplaz mat enger Bibliothéik, d.h. INFO-BUTTEK vum S.J.L., fir seng S.J.L.-Visiteuren, Mêmberen, Sympathisanten,.A.G., asw... Den G.A. oder A.G. bekëmmeren sech ëm den Zougang an d'Permanents'ën vun dësem Info-Buttek. En ass zesummegesat äus:

              1. Engem S.J.L.-Dokumenteschaf mat sämtlëschen S.J.L-Dossierën wou, all d'Rapport'ën an d'Präsentslëschten vun de V.V., sämtlechen Zeitungsartikelen an aaner Dokumenter iwer den S.J.L., den Adressenlëschten vun de Mêmberen an den Sympathisanten, Adresselëschten vu verschidden Zeitungen, Radioën, Jugendhaiser,asw... an aaner nëtzlech Adressen, klasséiert sin.

              2. Enger Bibliothéik wou S.J.L.-spézifësch Bicher dran ze fanne sin, déi vu Mêmberen, A.G.oder G.A. proposéiert gin. Dëss Bicher kéinten eventuell äusgeléint gin.

              3. Enger Infothéik (Info-Buttek) wou een Infosmaterial an Dokumenter fanne kann, iwwer dem S.J.L., anner Associatiounen, verschidden Fräizäitméiglëchkeeten, asw..(wéi z.B. Jugend+Drogen-hëllef, S.N.J., C.I.J, S.J.L.-Infoblieder, Schülerzeitungen, asw...)

D)             Am S.J.L.-Sekrétariat befënd sech en befestege Schaf wou d'Keessen vum S.J.L. oder A.G. dran agespart kënne gin. Nëmmen déi Keesse-Responsabel hun den Zougang dozou.
 

V. S.J.L.-COORDINATOR

A)      1. Aus den iwwer 10 Joër Erfahrung vum Jugendzentrum, huet sech eräusgestallt, datt et schwéier ass eng permanent Équippe ze fannen, déi op sämtleche Froën an Problemer vum S.J.L. an hierer Struktur voll Verantwortung droë konnten oder bereet waren hier ganz Fräizäit dofir anzesetzten. Eng Tatsaach ass och datt vill Mêmberen sech nëmmen fir eng kuerz Zäit engagéieren.

           2. Wat d'Fonktionement vum S.J.L. ugeet konnt een äusserdeem feststellen, datt ët an der Vergaangenheet öfters zu punktuellen Konflikter zwëschen den betraffenen Jugendlëch vum S.J.L. an den Responsabelen vun der Gemeng komm ass. Dëss Tatsaach léisst sëch deelweis erkläeren, duerch e deelweis Fehlen vun kloër an efficace Stukturen vun Kommunikatioun zwëschen dem S.J.L. an der Gemeng.

B)          1. Et kéint e Posten (min.20 hrs/sem.) vun engem S.J.L.-Coordinator geschaafe gin. Dofir misst eng Konventioun zwëschen der Gemeng an der asbl äusgeschafft gin, déi dann och virgesäit wéi seng Fonktiounen ausgesin

            2. Eng Iddee vum S.J.L.-Coordinator besteet doran, datt de Jugendlësch eng Bezugspersoun zur verfügung steet an datt duerch seng Präsenz an seng Aarbècht (Coordinatioun an Administratioun) eng gewëssen Kontuinitéit vum S.J.L. gesëchert ka gin.

C)        1. Den S.J.L.-Coordinator soll op kee Fall eng autokratesch Persoun sin  Et soll éischter eng Persoun sin, dee versicht d'Vertrauen vun de Mêmberen ze gewannen an och versicht eng besser Zesummenaarbécht zwëschen hinnen ze förderen.

                2. De S.J.L.-Coordinator soll Supervisioun vum S.J.L. iwwerhuelen; d.h. e versicht den Iwwerbléck de behaalen wou d'Problémer vum S.J.L. leien an wat fir eng Fehler ëmmer erëm gemaach gin. E bitt Léisungen un an warnt virun onméiglechen Aktiounen.

D)         Aufgaben vum S.J.L.-Coordinator:

                1. Den S.J.L.-Coordinator schafft aktive am G.A. mat a bekëmmert sech mat ëm den S.J.L.-Sekétariat. En iwwerhellt verschidden administrative Aarbéchten a kuckt och no finanzielle Léisungeng fir verschidden Aktivitéten, Workshoppen an aaner Projet'ën.

                2.a) E bitt sech als Beroder fir di Jonk un an huet en Ouer fir hier Problemer, z.B. Elterenproblemer(op der Méck), Drogeproblemer, Aarbéchtslosegkeet, Wunnegsnout, Problemer mam Gesetz, asw... En informéiert di Jonk wou se sech hiwende kënnen, fir eng Léisung zu hiere Problemer ze fannen.

                    b) En ass verpflicht sëch un d'Beruffsgeheimnis ze haalen an d'Anonymitéit vun de Jonken ze respektéieren.

                3. En huet och d'Suerg dofir ze droën , datt den gemeinsame Beschlöss vun de V.V. folleg geleescht gëtt; d.h. en suergt zum Beispill mat, fir d'Anhalen vun der Hausuerdnung, asw...

                4. D'Responsabilitéit vun de Schlësselen läit beim S.J.L.-Coordinator d.h. ët läit a senger Gewalt wat mat dëse Schlëssele geschidd a wiem hien der weidergëtt. Nëmmen déi Mêmberen déi bewisen hun, datt se verantwortlech kënne matschaffen an vum S.J.L.-Coordinator als solches ugesi gin, kréie dann vun him e Schlëssel. Jidfereen muss sech virdéischt mol ënner Beweis stellen! En versicht de Wënsch vun der V.V. gerecht ze gin.

               5. Hien huet den allengegen Zougang zum Späicher an zum Heizungskeller mam sengem Atelier. Hien décidéiert wiem en den Zoutrëtt léisst oder nët.

               6. Et kéinten Stagiairen vum I.E.E.S. hiere Stage am S.J.L. maachen. An deem Fall géif hien sech hierer unhuelen an hien wär hiere Patron de Stage.

           7. Wou hëllef gebräucht gëtt, am S.J.L., päckt hien aktive eng Hand mat un an hëlleft och den A.G. am Ufanksstadium zu hierem gelengen oder wann Problemer optrieden.

           8. asw...
 

VI. ÉQUIPE DE LIAISON (E.L.)

A)         Eng Équippe de Liaison ass néideg fir e bessere Kontakt mam Service Jeunesse (S.J.) vun der Stad Lëtzebuerg opzebauen. Dëse Service bekëmmert sech em d'Suergen vum SJL (z.B. Toiletten, Schlësselen, Aktivitéitsmaterial (Frigo...) technësch Froën, finanzielles a.s.w...  Zwëschen der Équippe de Liaison an dem Service Jeunesse fënd e regelméissege informatiounsaustäusch statt, wou all Säit seng Idéën, Wënsch an Virstellungen vertrëtt an kuckt wèi dëss kënnen Realiséiert gin.

B)         Dëss Équippe de Liaison trëfft sech an regelméissegen Ofstänn mam Service Jeunesse vun der Gemeng Lëtzebuerg. Dëss Treffen gin vu Versammlung zu Versammlung festgeluegt an vun all Säit virbereet.

C)         Si setzt sech zesummen aus den 3 G.A-Vertrieder (D'Nim an d'Adressen gin dem S.J. direkt no der GeneralV.V. matgedeelt, sou wéi och all ännerungen) an dem S.J.L.-Coordinator.

D)         0p dësen Treffen kënnen iwwer folgend Punkten beschwat gin ewéi:
 

E)       Op all Treffen gëtt décidéiert wien sech em de Rapport bekëmmert. No all Punkt vum Ordre du Jour hällt dëse Grupp gemeinsam fest wat an dë Rapport stoë kënnt. De Rapport gëtt un all Mêmberen vun dëser Versammlung verschéckt.
 

VII. KOMITEE D'ACCOMPAGNEMENT VUM S.J.L.(K.Acc.)

A)       E Komitee d'Accompagnement ass néideg fir dën S.J.L. an senger Entwecklung ze begleeden. Si kuckt wéi déi verschidden Aktivitéiten ofgelaf sin a wou déi eenzel Problemer waren. Wat Organisatoresch verbessert misst gin an wat fir nei Erfahrungengen kéint bäibehaalen gin. Wéi steet ët mat Subsiden a wat fir eng Projet'ën kéinten duerch wien mat ënnerstetzt gin.

B)           Dëse Grupp kéint sech folgend äus Mêmberen  zesummesetzten:
 

C)          Den Komitee d'Accompagnement trëfft sech op manst zwee mol am Joër an mëscht op manst eng kéier am Joer en offizielle Rapport.
 

VIII.AARBECHTSGRUPPEN (A.G.)

A)         All Mêmber huet d'Méiglechkeet en A.G. ze grënnen, wann d'Aktivitéit vun dësem mat de Statuten an d'Ziler vum S.J.L. vereenbar ass.

B)         Aarbèchtsgruppen kënnen nëmmen während enger V.V. an d'Liewe geruff gin. Éier en neien A.G. innerhalb vum S.J.L. als autonom gëllt, muss den A.G. virdéischt an der V.V.e Positiouns-Papeier mat senge Virstellungen an Ziler virléën.

C) Aus dem A.G.-Positiouns-Papeier soll ervirgoën:
 
        1. Seng Ziler an seng geplangte Projet'ën.

        2. Seng Mêmberzuel bis zu deem Zäitpunkt; minimum 3 Mêmberen.

           3. Säi A.G.-Vertrieder am Grupp administratif. (c.f. G.A. Punkt B.2)

        4. Innerhalb vun welchem Zäiträum den A.G. seng éischt Aktivitéiten virgesäit.

           5. Säi Bedarf u Räum a Material.

           6. Seng Méiglechkeet finanziell onofhängeg ze sin; säi finzanzielle Bedarf (am idealfall soll den A.G. sou wäit wi méiglech finanziell onofhängeg sin.)

D)     Sin d'V.V. an den A.G. sech eens, gëllt den A.G. dann als Deel vum S.J.L., deem seng Autonomie ze respektéiren ass.
 

X. ÖFFENTLECHKEETSAARBECHT.

A)         D'Öffentlechkeetsaarbécht ass d'Aufgab vun den A.G.-Délé-géierten oder vun de V.V.-Délégéierten.

B)     1. Keng Öffentlechkeetsaarbécht, Dokumenter oder aaner offiziell Matdeelung däerf am Num vum S.J.L. eräuskommen, ouni äusdrécklech Erlabnis vun der Vollversammlung.

             2. D'V.V. kann V.V.-Délégéierten, G.A. oder A.G. verschidden Öffentlechkeetsaarbéchten, Dokumenter oder aaner offiziell Matdeelungen an Optrag gin.

C)      Aarbéchtsgruppen däerfen an hierem eegene Num an ënner hierer Verantwortung Öffentlechkeetsaarbécht, Dokumenter oder aaner offiziell Matdeelungen eräusbréngen.
 

XI AKTIVITÉITEN AM S.J.L.

A)         A.G. Koffieschapp

             1. De Koffieschapp ass:
 
              a)...ën Aarbèchtsgrupp vum SELBSTVERWALT JUGENDZENTRUM LETZEBUERG asbl (S.J.L.) a besteet schon säit Januar 1988.

                   b)...ën Treffpunkt  fir all Jugendlëch. En erméiglecht dem Äusserstéënden (ob Jonk oder Aal) den éischten Kontakt zum Jugendzentrum, sengen aktiven Mêmberen an der Iddee vun der Selbstverwaltung.

                   c)...eng Alternative zu den aanere Kafféën.
 

                 d)...ë Grupp Jugendlëcher zwëschen 15 a 25  Joër a besteet an der Regel zwëschen   5 bis 8 aktiv Mêmberen.

             2. Nëmmen nach déi aktiv Mêmberen, déi fäheg sin Responsabilitéit mat ze iwwerhuelen, däerfen opmaachen. Dëss Mêmberen bekëmmeren sëch och ëm d'Koffieschapps-Keess, d'Organisatioun an d'Akaafen. En Del vum Gewënn kéint als Belounung vun desen Mêmberen geholl gin.

B)         A.G. BabbelBillerStroumBaffKëscht (Kino)

              Dësen A.G. géif erméiglegen en eegene klenge Kino am SJL ze hun. D'Iddi besteet doran fir(regelméisseg all zwou Wochen) Filmer am Jugendzentrum ze weisen. Uschléissend fënd-wann Thema interessant ass- eng Diskutioun zum Film statt. Et as selbstverständlech, datt keng Kitschfilmer gewise gin. En ideale Räum wäer de Konzertsall um éischte Stack. Gebräucht gin eng Tele(+-6000.-flux), e Video a Filmer(déi kënne mer beim Info-Video oder Nationalbibliothéik kréien, déi eng ganz Retsch interessant Filmer op Laager hun)

C)         A.G. Rocknophobia (Konzert+Disko)
 
                Bekëmmert sëch ëm d'Organisatioun vu Konzert'ën, mat bekannten an och mannerbekannte Gruppen an ewentuell och ëm d'Diskoën.

D)         A.G. Zeitung+Plakkat

            1. Brengt an reegelméissegen ofstänn Infoblieder eräus wat am S.J.L. sou lass ass an kéint versichen fir op manst eng kéier am Joër eng richteg Zeitung eräuszebrengen.

            2. Kéint sech em en méi Flott entwerfen vu Plakkaten bekëmmeren, z.B. iwwer Konzertën, Filmer, Workshopen an aaner Aktivitéiten,
 

E)             A.G. Radio

                 1. Den "Radio ARA" deen Niklosdag 92 ugefaangen huet mat senden, huet eis an der Vergaangenheet ëmmer erëm proposéiert, eng Kéier an der Woch, eng "autonom Jugendsendung", ze iwwerhuelen.

             2. Als S.J.L.asbl kënne mer och Mêmber beim Radio ARA gin, andeems mer eng Mêmberskoart vun 5000.- huelen.

F)             a.s.w.
 

XII Grënnen vun enger Ancien S.J.L.asbl

A)        Säit Joëren besteet d'Iddee fir di all Mêmberen an enger asbl zesummenzehaalen. Mêmber gëtt een no laangem aktiv-sin am Jugendzentrum an wann een der Meenung ass d'Distanz zum S.J.L.ze huelen. Deejéinegen kritt eng liewenslänglesch Mêmberskoart.

B)                Zweck, Ziler an Aktivitéiten missten nach beschwaat gin.
 
 

                                                                                                                                fir den S.J.L.
                                                                                                                                     fränz
 



 
HAUSORDNUNG
 

Diese Hausordnung wurde von der Vollversammlung des "Selbstverwalt Jugendzentrum Lëtzebuerg asbl"(S.J.L.) am (Generalvollversammlung 199x/199x) diskutiert und abgestimmt. Jeder Besucher des Jugendzentrums muss dieser Hausordnung, sowie den Beschlüssen der Vollversammlung Folge leisten.

1.   a) Das S.J.L. wird durch die Beschlüsse einer monatlichen Vollversammlung (V.V.), sowie durch den Grupp administratif (G.A.)- innerhalb seiner Kompetenzen- verwaltet.

     b) Die Vollversammlung, während derer sich jeder frei äussern kann, ohne durch selbstgerechtes, unkollektives oder autoritäres Gebaren zu stören, wird von einem gewählten Diskutionsleiter geleitet. Entschlüsse werden durch einfache Mehrheit der aktiven Mitglieder gefasst.

        c) Mitglieder können nur während einer Vollversammlung beitreten. Aktives Mitglied wird man durch tatsächliches aktiv-Sein innerhalb einer Arbeitsgruppe oder Aktivitätsgruppe (A.G.).

        d) Sympatisant des S.J.L. kann man zu jeder Zeit werden.

2.         Jede Aktivitätsgruppe. ist verpflichtet, für die Sauberkeit des Raumes zu sorgen, in dem sie ihre Aktivität ausübt oder vorbereitet. Die Mitglieder der Aktivitätsgruppen haben das Recht, jeden Besucher, der sich trotz wiederholter Aufforderung nicht an die Hausordnung oder die Beschlüsse der Vollversammlung, die Ordnung des Hauses betreffend, hält, aus ihrem
Arbeitsbereich zu verweisen.

3.     a) Jeglicher Handel und Konsum von illegalen Drogen im S.J.L.ist strengstens Verboten und bringt eine sofortige Verweisung aus dem Haus mit sich. Derjenige der, trotz mehrfacher Verwarnung durch die aktiven Mitgliedern, sich nicht an diese Bestimmung hält, muss mit Massnahmen rechnen, die die V.V. beschliesst (z.B.: zeitliche Exklusion des Hauses...)

         b) Alkoholiche Getränke (ausser Hochprozentigen) gibt es in der Regel grundsätzlich nur bei festlichen Anlässen (z.b.Konzert), wobei jedoch die Vollversammlung resp. Organisatoren entscheiden, ob Alkohol getrunken werden darf oder nicht.

4.         Es ist nicht erlaubt in den Räumen zu Rauchen, die von der Vollversammlung resp. von den Aktivitätsgruppen so bestimmt worden sind.

5.       Diebstahl oder mutwillige Zerstörung privaten Eigentums dürfen polizeilich gemeldet werden. Mutwillige Zerstörung des Hausinventars wird innerhalb des S.J.L. diskutiert, bis eine Einigung erfolgt. Erfolgt diese über einen längeren Zeitraum nicht, werden Massnahmen ergriffen, die die Vollversammlung beschliesst.

6.    a) Das Bemalen und Beschriften von Wänden und Türen, sowie jede grobe Verunreinigung ist strengstens zu unterlassen.

       b) Bilder, Zeichnungen, Kunstwerke an den Wänden und Türen sind geschützt
und dürfen nur nach Absprache mit der Vollversammlung abgeändert werden.

7.     Das Öffnen und Schliessen des Jugendzentrums und seinen Räumen geschieht durch den S.J.L.-Coordinator und die aktiven Mitgliedern, die vom S.J.L.-Coordinator den Schlüssel anvertraut bekommen. Sie sorgen gleichzeitig auch um eine genügende Ordnung im Haus.

8.     Die Gestaltung der Räume ist Sache der jeweiligen Aktivitätsgruppen und wird von der Vollversammlung kontrolliert.

9.    Das Übernachten im Jugendzentrum ist grundsätzlich nicht erlaubt.

10.   Das S.J.L. gewährt in der Regel keinen Kredit.
 


[GNOMENhaus][fränz][sjl]

Fir all Kritik an Interesse kënnt der mer en Email schécken un:
GNOMENhaus@internet.lu

Copie autorisée mars 2000 MacFränz GNOMEN. Tous droits réservés.